Select your language

Ausbildung vum jonke Päerd

Mat vill Gedold a Gefill ginn déi jonk Päerd vun der Buedemaarbecht bis Dressur ënnert dem Suedel trainéiert. D'Gesondheet vum Päerd steet am Mëttelpunkt an den Training riicht sech no de kierperlechen, mentalen an emotionale Fäegkeete vum Päerd. Ausrëtter a Cavalettiaarbecht gehéieren och zu der Ausbildung mam Zil, wëlleg a villsäiteg Päerd ze hunn, déi ideal Fräizäitpartner wäerte sinn.

Berëtt

Weiderbildung, Erhalenstraining, Korrektur... Mir definéieren zesummen Är Ziler an d'Fäegkeete vun Ärem Päerd fir den ideale Berëttprogramm ze gestalten. Äert Päerd entwéckelt sech am Kader vun engem gesonden Training an Dir hutt d'Méiglechkeet, Reit- an/oder Buedemaarbechtstonnen ze huelen fir Iech zesumme mat Ärem Päerd weiderzebilden. Ech suergen dofir, dass Dir Spaass mat Ärem Päerd hutt an dass Dir vun äre gemeinsam Momenter sou gutt wéi méiglech profitéiere kënnt.

JOKER, de Päerdssimulator

Gläichgewiicht ass de Schlëssel zu enger harmonescher Reitweis. En ausbalancéierte Sëtz garantéiert eng optimal Kierpersprooch a hält d'Päerd gesond. Huel Iech Zäit fir Iech op Iech selwer an Äre Kierper ze konzentréieren. Mam JOKER, de Päerdssimulator, entwéckelt Dir Kierperbewosstsinn a Feingefill um Suedel. Mam JOKER verbessert Dir Är Geschmeidegkeet, Äre Rythmus and Är Koordinatioun. Eng flott Séance op engem spezielle Päerd fir Grouss a Kleng!

Stonnen a Stagen

Géif Dir gär Äre Sëtz verbesseren oder eng Technik vun der klassescher Buedemaarbecht léieren? Ech organiséieren Stonnen/Stagen op Mooss fir Iech. Esou kritt Dir en éischten Abléck vu menger Approche. Ech hëllefen Iech och gär weider a bréngen Iech an Äert Päerd op de richtege Wee.